Iwwert Eis
D’Däreldéieren sinn den autonome Scoutsgrupp an onser Gemeng. Mir sinn 1976 gegrënnt ginn. Mir hunn haut iwwert 120 aktiv Memberen aus allen Altersklassen. Domadder si mir déi zweet gréisste Jugend- a Kannerorganisatioun an onser Gemeng.
Onsen Home steet an der rue du Tilleul, op Nummer 11, um Briddel. Ons Versammlungen sinn am Prinzip ëmmer an onsem Home, ausser mir maache méi speziell Aktivitéiten, wou mer dann och heiansdo op anere Platzen R-V hunn.
Waat ass de Scoutismus?
Fir d’éischt emol ass de Scoutismus Teamgeescht. Et geet net drëms dee séiersten oder dat stäerksten ze sinn, mee et geet drëms fir zesumme virun ze kommen.
Dann ass de Scoutismus awer och eng aktiv Ausernanersetzung mat der Natur. Mir notzen a genéissen d’Natur ouni dobäi de Respekt fir d’Natur ze verléieren.
Mir léieren, ons an der Natur zuwee ze fannen, hir Geforen a hier Schéinheet richteg anzeschätzen an z’appreciéieren. Mir si kierperlech aktiv a wëssen onser Hänn a Féiss ëmmer Rot.
Als Kanner leiere mer ganz frei Responsabilitéit fir ons Kolleegen z’iwwerhuelen. Mir loosse keen am Stach a bekëmmeren ons ëm eneen. Géigesäiteg Hëlleft ass e Grondprinzip vum Scoutismus. Iwwert de Scoutismus kréien d’Kanner sozial Valeur’en a Wäerter bäibruecht, déi hinnen e Liewe laang hëllefen.
Bei der FNEL sinn dëst laizistesch Wäerter a Valeur’en. All dëst sol dozou bäidroen, dat d’Kanner fréi selbststänneg ginn a sech am Liewen ëmmer kenne gutt debrouilléieren, ouni dobäi awer de Respekt virum Matmënsch an der Natur ze vergiessen.