
- This event has passed.
Montée 2021 Scouten
16/10/2021 @ 10:00 – 17/10/2021 @ 11:00
Léiw Scouten, léif “grouss” Wëllef,
Mir hunn schonns Hierscht. D’Joer ass scho bal nees erëm. Net nëmme bliedert all Dag e Blat vum
Kalenner of wéi am Blëtz, mee och dir gitt grouss. An dofir ass et vum 16.10.2021 um 10h00
bis den 17.10.2021 um 11h00 un der Zäit, an enger Welt voller spannender Abenteuer um
Briddel beim Home Lucien Wercollier, d’Lieder an déi néi Branche eropzeklammen.
Kommt elo mat a mellt iech bis den 13. Oktober fir d’Montée via Site un.
Wat dir braucht :
Wiessel Kleeder, waarm Kleeder, eventuell eng Reenjackett, eng Mutz, fest Biergschong,
ee Buedduch, eng Wäschtrousse (Zännbiischt, Zahnpasta, Seef, etc.), Schlofsak (waarm),
Carrymat, Gamelle, Couvert, Kichenduch, Becher, Bidon, Täscheluucht
Mir freeën eis
op iech !
Lénks Patt,
Är Cheffen
