Rover

All Scout zwëschen 16-21 Joer ass Rover. Gläichzäiteg kann en och Chef/Responsabel vun enger anerer Branche sinn.
D’Rover si selbststänneg an onofhängeg an organiséieren sech hire Programm selwer.
D’Rover kënnen esouwuel hire Grupp bei verschiddenen Aktivitéiten ënnerstëtzen, ewéi och selwer Projet’en op d’Been stellen a realiséieren. Och fir dës Branche sti Spaass an Aventure op Plaz Nummer 1.
Duerch Benevolat a konstant Weiderbildung duerch Formatiounen, Kompetenzentwécklung an -unerkennung hëllefen d’Rover jonken Erwuessene sech méi liicht an enger komplexer a fuerdernder Gesellschaft erëmzefannen a sech duerchzesetzen a vrun allem an där Gesellschaft kënnen en Ënnerscheed ze maachen.